️

𝐇𝐞́𝐢𝐜𝐡 𝐓𝐞𝐦𝐩𝐞𝐫𝐚𝐭𝐮𝐫𝐞𝐧 𝐚𝐦 𝐋𝐚𝐧𝐝 – 𝐕𝐢𝐫𝐬𝐢𝐢𝐜𝐡𝐭 𝐠𝐞𝐟𝐫𝐨𝐭
An den nächsten Deeg wäert et zu Lëtzebuerg besonnesch waarm bleiwen. Wéinst dëser ausgepräägter Hëtzt huet MétéoLux eng rout Warnstuf fir dat ganzt Land aktivéiert. D’Situatioun ka fir d’Gesondheet belaaschtend sinn.
Fir Iech selwer an Är Matmënschen ze schützen, ass et wichteg, e puer einfach Reegelen ze respektéieren:

Uecht drop, datt Dir reegelméisseg a genuch drénkt

Sicht frësch a kill Plazen op, wa méiglech

Vermeit kierperlech Ustrengung an der grousser Hëtzt

Bleift léiwer am Schiet a schützt Iech virun direkter Sonn

Maacht keen oppent Feier, well d’Brandgefor erhéicht ass

Vergiesst net, och op Är Déieren opzepassen
Am Fall vun engem Noutfall oder bei eescht Problemer kënnt Dir d’Santé-Hotline um 𝟐𝟒𝟕-𝟖𝟓𝟔𝟓𝟑 kontaktéieren.
Besonnesch Opmierksamkeet gëllt fir vulnerabel Persounen, wéi eeler Leit oder Leit mat Gesondheetsproblemer — kuckt no hinnen a bitt Hëllef un, wann néideg.

Weider Informatioune fannt Dir op: 𝐬𝐚𝐧𝐭𝐞.𝐥𝐮