
Hëtztwell: Hëllef an Ënnerstëtzung fir Persounen ab 75 Joer
Bei héijen Temperature gëtt et eng speziell Betreiung fir Persounen, déi 75 Joer oder méi al sinn, eleng liewen, eng ageschränkt Autonomie hunn a keng Leeschtunge vun der Fleegeversécherung kréien.
Dëse Service ëmfaasst:

Iwwerwaachungsvisitten doheem

Ënnerstëtzung beim genuch Drénken

Eng ugepasste Betreiung wärend Hëtztperioden

Persounen, déi betraff sinn, kënne sech, respektiv hir Familljemembere kënnen déi betraffe Persounen bei der Croix-Rouge um 2755 umellen (Méindes bis Freides, ausser Feierdeeg, vun 8:00 bis 15:00 Auer).

Fir weider Informatioune kënnt Dir d’Inspection sanitaire vun der Direction de la santé um 247-85653 kontaktéieren (Méindes bis Freides vun 8:00 bis 12:00 Auer a vun 13:00 bis 17:00 Auer).
Dir fannt awer och weider Informatiounen iwwer:

Bei Onwuel, ongewéinlecher Middegkeet, Schwindel, Kappwéi, Verwirrung oder Féiwer soll séier e Gesondheetsberuffer kontaktéiert ginn.
Am Noutfall wielt den 112.